article_image

De Lampertsbierg am Krich

30.06.2025

Lampfrënn

De Lampertsbierg am Krich

Déi éischt ‘Foire Commerciale Officielle du Luxembourg’ gouf 1922 um Lampertsbierg nach an Zelter ofgehal, well vun deene Gebaier, déi haut do stinn, deemols nach keent do war. D’ Mëttelstéck gouf zwëschen 1933 34 no de Pläng vum N. Petit gebaut. Den zweeten Deel ass tëschent 1938-42 entstanen.

Am Krich sinn do grouss Versammlungen vun den Naziën ofgehale ginn. An och hir berüchtegt Ausstellung iwwert d’Sowjetunioun huet sech do ofgespillt, an all Schoulklassen hu misse kucke goen.

Eng Anekdot aus dem Krich: Couragéiert Lëtzebuerger Patrioten haten heemlech nuets deen heite Räim un der Hal ubruecht:

‘ATA, IMI, HENKO,

Den Krieg gewinnt Timoschenko’

(Ata, Imi an Henko waren bekannt däitsch Botz- a Wäschmëttelen, den J.K. Timoschenko war e berühmte russesche Marschall (1895–1970)

Photo Gallery

article_image
article_image
article_image
article_image
article_image
article_image

Lampfrënn ASBL

Where the past is preserved.

Contact

[email protected]

+352 47 18 01 (Anicet Schmit)

Copyright 2026 Lampertsbierger Geschichtsfrënn